Introductioun

D'Verwaltung fir ëffentlechen Transport (ATP), gegrënnt duerch d'Gesetz vum ëffentlechen Transport vum 5. Februar 2021, huet hir Aarbecht den 1. Mäerz 2021 ugefaang, nodeems d'Kompetenze vum Departement fir ëffentlechen Transport vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten (MMTP) fusionéiert goufe mat deene vum Verkéiersverbond, engem ëffentlechen Établissement, dee virdrun dem MMTP ënnergeuerdent war

D'ATP, verantwortlech fir d'Organisatioun an d’Exploitatioun vum ëffentlechen Transport iwwert Strooss, geréiert de Régime Général des Transports Routiers (RGTR) ënner der Opsiicht vum Département de la Mobilité et des Transports vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten (MMTP).

Mat iwwer 200 Linne bedéngen d’RGTR-Busser d'Uertschafte vum Land iwwer en dicht Netzwierk vun interkommunalen a grenziwwerschreidend Verbindungen. Dëst si kollektiv ëffentlech geplangte Servicer déi de Bedierfnesser vun de Notzer entspriechen. Den RGTR suergt och fir de Schoultransport an d’Lycéeë mat aktuell 308 Linnen.

D’ATP ass och zoustänneg fir d'Servicer Adapto a Mobibus, déi fir d'Organisatioun vum speziellen Transport fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit verantwortlech sinn. Ausserdeem ënnerstinn der ATP d’Gestioun vum Call Center (Tel: 2465 2465), Kontaktpunkt fir de Public fir multimodal Informatioun, a vun der Leetstell fir d’RGTR Netz.

Schlussendlech stellt d’ATP  och de Routeplaner a Form vun der App an der Websäit mobiliteit.lu zur Verfügung.

D’ATP Servicer op ee Bléck

All d’Attributiounen a Missioune vun der ATP kënnen ënner der Rubrik Administratioun fonnt ginn.

All Informatiounen iwwert d'Verwaltung fir ëffentlechen Transport (ATP) fannt Dir hei op Franséisch.

Aktualiséiert den