Accessibilitéitserklärung

D'Organ "Informatiouns- a Pressedéngscht" verflicht sech derzou säi Site accessibel ze gestalten, konform mam Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vun den Internetsitten a mobillen Applikatioune vun den Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitsdeklaratioun bezitt sech op: https://gouvernement.lu

Wat ass déi digital Accessibilitéit?

D’Zil vun der digitaler Accessibilitéit ass et, datt Persoune mat engem Handicap de Web an déi mobil Applikatioune kënne benotzen.

Konformitéitsstatut

Dëse Site ass deelweis konform mat der europäescher Norm EN 301 549 souwéi mam Referenzwierk fir d’Bewäertung vun der Web-Accessibilitéit (RAWeb) v1 , dat dës Norm implementéiert, dëst opgrond vun den Elementer, déi heidrënner opgezielt sinn.

Net-accessibelen Inhalt

Déi hei opgelëschten Inhalter sinn aus follgende Grënn net accessibel:

Net Konformitéit

Referéiert Iech op déi franséisch Versioun.

Onverhältnesméisseg Belaaschtung

  • All d'informatesch Dokumenter, déi um Site disponibel sinn, sinn net forcement konform zur Norm EN 301 549 V3.2.1; dëst, well de Volume vun den Dokumenter, déi mussen traitéiert ginn, fir d'Konformitéit ze erreechen, immens grouss ass an dat ze vill Moyene géif erfuerderen. Mir engagéieren eis awer, fir op Nofro an au cas par cas eng zougänglech Versioun vun den Inhalter ze liwweren (cf. d'Sektioun „Feedback a Kontaktdaten“)
  • Redaktionell Inhalter, virun allem déi eelst (ouni Modifikatioun nom 23. September 2023), kënnen Non-Konformitéiten opweisen:
    • Lëschten an Ënnertitelen, déi schlecht formatéiert sinn;
    • Attributer „title“ vu Linken an den net-pertinenten Alternative vu Biller;
    • Changementer vun de Sproochen, déi net programmatesch signaléiert gi sinn;
    • d'Presenz vun eidele Paragrafen, fir d'Lieserlechkeet ze verbesseren;
    • Tabloen, déi inkorrekt strukturéiert sinn.

    D'Quantitéit vun de Säiten, déi mussen iwwerpréift ginn, a vun den Inhalter, déi mussen iwwerholl ginn, erfuerdert ze vill eng grouss Aarbechtsbelaaschtung. Fir dës Inhalter ‒ och wa se Strukturéierungs-Schwächten opweisen ‒ ass iwwerpréift ginn, datt d'Non-Konformitéiten, déi se impaktéieren, den Accès op d'Informatiounen net blockéieren. Wa sech sollt erausstellen, datt en Inhalt trotz allem net zougänglech ass, engagéiere mir eis, fir op Nofro eng zougänglech Versioun dovun zur Verfügung ze stellen (cf. d'Sektioun „Feedback a Kontaktdaten“). Eng besonnesch Opmierksamkeet kritt d'Verfaasse vun zukünftege redaktionellen Inhalter.

  • Verschidde Videoen, déi nom 23. September 2020 verëffentlecht goufen, hu keng adaptéiert Texttranskriptioun. Mir beméien eis, fir d'Messagen, déi am Video iwwermëttelt ginn, an den Texter dernieft zur Verfügung ze stellen.

Inhalter, op déi d'Gesetz vum 28. Mee 2019 sech net applizéiert

  • D'Dokumenter fir erofzelueden, déi vun anere Verwaltunge bereetgestallt ginn, ënnerleien net eiser Kontroll.
  • D'Bürosdokumenter, déi virum 23. September 2018 verëffentlecht gi sinn.
  • All d'Videoen, déi virum 23. September 2020 op eisem Site verëffentlecht gi sinn.
  • D'Modüller mat den interaktive Kaarte sinn net mat abegraff, wann et op der Säit eng Alternativ gëtt, fir d'Informatioun vun der Kaart ze kréien (Presenz vun der ausgeschriwwener Adress zum Beispill). Mir beméien eis, datt se weiderhin identifizéiert kënne ginn, an iwwerpréiwen, datt se keng Fal fir d'Tastatur duerstellen.
  • De redaktionellen Inhalt, deen als archivéiert consideréiert gëtt (ouni Modifikatioun nom 23. September 2019).

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitsdeklaratioun

Dës Deklaratioun gouf de(n) 16.9.2024 erstallt. D'Angaben an dëser Deklaratioun sinn exakt a baséieren op enger effektiver Bewäertung vun der Konformitéit vun dësem Site mat den Ufuerderungen, déi am RAWeb 1 fixéiert sinn, wéi eng Eegen-Evaluatioun vum Organ "Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE)".

Kontrollprozess

D'Internetsitten, déi nom Prinzip vu Renow erstallt ginn, ginn an engem Kader an an enger Architektur entwéckelt, déi geneeresch an zentraliséiert sinn, woubäi d’Projektmanagementprozesser befollegt ginn a d’Renow-Checklëscht agehale gëtt. Fir d’Neutralitéit ze garantéieren, gi reegelméisseg Accessibilitéitsexperte consultéiert, fir d’Konformitéit vu Sitten oder neie Funktionalitéiten ze iwwerpréiwen.

All Site gëtt a verschiddenen Etappen evaluéiert:

  1. Wärend der Konzeptioun vun der Struktur vum Inhalt.
  2. Wärend der Realisatioun vum grapheschen a funktionelle Layout.
  3. Kuerz éier de Site online geet.

Wann de Site bis online ass, ginn d’Kontrolle follgendermoossen duerchgefouert:

  • bei all neiem Contenu iwwerpréift d’Redaktioun d’Accessibilitéit vum komplette Contenu, éier en online geet;
  • all nei Funktionalitéit vum Site gëtt evaluéiert, éier se online geet.

Wärend den Evaluatioune gëtt de Site mat de wichtegste Screen-Readeren, op Tablets, Handyen an um PC getest. Dëse gëtt ausserdeem mat verschiddene Webbrowsere getest (Kompatibilitéit bis zu 2 Virleefer-Versioune vun der aktueller Versioun).

Kompetenze vun de Bedeelegten

D’Aarbechtsprozeduren ëmfaassen d’Applikatioun vun den Internet-Direktive wärend den eenzele Phase vun der Realisatioun vun der Internetsäit (Redaktioun, Management, Entwécklung).

Eis Mataarbechter hunn dat néidegt Wëssen an déi néideg Kompetenzen, fir dës Internet-Direktive korrekt ze applizéieren.

Feedback a Kontakt

  • entweeder schrëftlech an engem Dokument oder enger E-Mail
  • oder mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozedur, déi et erlaabt, d’Anhale vun de Bestëmmunge sécherzestellen

Am Fall, wou d’Äntwert net befriddegend wier, hutt Dir d’Méiglechkeet, den Informatiouns- a Pressedéngscht, dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwer säin Online-Reklamatiounsformulaire oder d’Ombudspersoun, de Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, ze informéieren.


Dës Deklaratioun baséiert op der Virlag vum Dokument, dat an der Ausféierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiert ass. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun a gëtt ënner enger "Creative Commons Attribution 4.0 International"-Lizenz verëffentlecht.